"Everything everywhere all at once" vun Daniel Kwan, Daniel Scheinert
7 Oscars, an all de prestigiéise Kategorie, wéi zB beschte Film, Dréibuch a Montage, a bescht Haaptduerstellerin an Niewenduersteller.
Dat ass d’Bilanz vun der Actionkomedie EVERYTHING EVERYWHERE ALL AT ONCE. E Phänomen, bei deem de Lëtzebuerger Jeff Desom mat un de Spezial Effekter geschafft huet an deen ab dëser Woch nees am Kino ze entdecken ass.
D’Evelyn Wang ass midd a rosen. Si well sech scheede loossen, versteet hier homosexuell Duechter net a gëtt vun hirem strenge Papp ënnergebottert. Si schafft all Minutt vum Dag an hirem Wäschsalon an trotzdeem huet si Scholden ouni Enn. Matten am Sträit mam Steieramt gëtt si vun hirem Mann an dei verschiddenste Paralleluniversen katapultéiert wou si all di Liewen geséit déi si hätt kenne feieren.
EVERYTHING EVERYWHERE ALL AT ONCE ass eng Actionkomedie wou den Titel Programm ass. D’Realisateuren Daniel Kwan an Daniel Scheinert hunn hei e Potpourri zesummegewierfelt dee sech vum Jackie Chan senger Filmographie ma awer och vun der formaler Anarchie vun de japanesche Mangas inspiréiert. An deem Sënn sinn souwuel skurril wéi awer och Action gelueden Zeenen uechter de Film verspreet. D’Originalitéit vum Film ass sécherlech dës formal Fräiheet déi sech awer ausser e puer memorabelen an total absurde Momenter wéi e forcéierte “copy/paste” vun enger sëllegen anere Filmer uspiert.
Wann EVERYTHING EVERYWHERE ALL AT ONCE dach ëfters mat engem Film wéi THE MATRIX aus dem Joer 1999 verglach gëtt sou huet en awer weder de Geschwëster Wachowski hire Sënn fir déi revolutionär Inzenéierung vun Actionsequenzen nach hier Déift wat de Fong vum Film ugeet.
Dësen Actionepos huet viru knapp engem Joer seng Weltpremière geféiert an ass zenter hier lues awer sécher zu engem kulturelle Phänomen ginn dee mat senger Avalanche vu Präisser op den Oscaren gekréint gouf. E Phänomen deen trotz allem narrative a formale Chaos ëmmer ganz politesch korrekt a brav bléift, an deemno total am Aklang mat senger Zäit ass.
