Kinotipp: "Transformers One" vum Josh Cooley

D'Transformers-Saga krut e gelongene Reboot am Beräich vun der Animatioun.

TRANSFORMERS ONE erzielt eng sougenannten "origin story" an där déi jonk Jore vum Optimus Prime an dem Megatron exploréiert ginn. Déi spéider legendär Antagoniste sinn sech an dëser Virgeschicht sou no wéi Bridder an heeschen Orion Pax a D-16. Si kënnen sech nach net transforméieren a schaffen an de Minne vir hire Planéit um Liewen ze erhalen. Den ambitiéisen Orion huet awer aner Pläng fir seng Zunft a fir all Transformers wat net jidderengem gefält.

Dësen Animatiounsfilm vum Josh Cooley, dem Realisateur vun TOY STORY 4, ass ouni Zweifel déi beschten Transformers Kinosadaptatioun zënter dem éischte Film vum Michael Bay am Joer 2007. Dës graff animéiert Versioun vun der bekannter Hasbro Spillsaach ass awer béi Wäitem net esou naiv an ongeschéckt, wéi déi rezent Verfilmungen.

Vun der Action bis hin ze de Personnagen déi net nëmmen exzellent gezeechent si ma och nach villschichteg sinn ass TRANSFORMERS ONE en elektriséierende Film mat enger Réi u Shakespeare-änleche Momenter déi zur spannender Verwandlung vun dëse revoltéierte Minnenaarbechter zu den ominéisen Transformers féiert.