Kinotipp: "Woman Of The Hour" vum Anna Kendrick

D'Schauspillerin Anna Kendrick signéiert mat "Woman Of The Hour" eng spannend Verfilmung vun engem Thriller, deen op enger reeller Geschicht opgebaut ass.

Et ass bis haut nach net kloer, wéi vill Affer de Fotograf Rodney Alcala schlussendlech ëmbruecht huet. Eppes ass awer kloer, hie gehéiert mat zu de grausaamste Mäerder an der amerikanescher Geschicht, dee seng Affer ëmmer op brutaalst Manéier gepéngegt huet, éier hie se ëmbruecht huet. D'Schauspillerin Anna Kendrick signéiert mat hirem Debutfilm, wou si och d'Haaptroll spillt, en intensiven Thriller, an deem ee sech ni wuel fillt, an dat ass net nëmmen esou gewollt, ma och konsequent ëmgesat. Ouni jee voyeuristesch ze sinn, ass WOMAN OF THE HOUR en extrem clever geschriwwene Film vum Ian McDonald an e präzis inzeenéierten Thriller, dee souwuel déi systemesch Fraefeindlechkeet vun der Gesellschaft, wéi och Gewalt ouni ëmzekucken, thematiséiert an denoncéiert. WOMAN OF THE HOUR ass eng staark Netflix-Produktioun, déi momentan am Top 5 vun den am meeschte gekuckte Filmer zu Lëtzebuerg op der Streaming Plattform steet.