Kinotipp: "Gladiator 2" vum Ridley Scott

Wärenddeem Roum vun den Zwillinge Geta a Caracalla regéiert an, an de Ruin gedriwwe gëtt, féieren si mat erneite Spiller am Kollosseum d’Invasioun vun Nubien.

Dat ënnert der Leedung vum Generol Marcus Acacius. Fir de Sklavenhändler Macrinus ass dëst d'Méiglechkeet seng neiste Rekrutte virzestellen a seng Positioun am politesche Manage vu Roum ze festegen. Ënnert de Sklaven, déi sech am Kollosseum musse beweisen, an dat souwuel zu Fouss géint e Rhinozeros wéi op engem Schaff ëmzéngelt vun Haifësch, ass e mysteriéise Mann, deen op Revanche aus ass.

24 Joer, nodeems den epesche Film a fënneffachen Oscar-Gewënner "Gladiator" an de Kinoen erauskoum, signéiert de mëttlerweil 86 Joer ale Realisateur Ridley Scott eng Suite, déi versicht, an alle Punkte säi Virgänger z’iwwertreffen an, an engems den Erwaardunge vun de Fans vum éischten Epos gerecht ze ginn. Vun der extrem simplifiéierter Intrig bis hin zu de Kämpf am Kollosseum fillt awer leider alles sech wéi eng ofgeflaachten a kitscheg Soap Opera un, déi net manner wéi 250 Milliounen Dollar kascht huet. Wann eenzel Momenter ervirstiechen an d'Nostalgie vum éischte Film opliewe loossen, sou huet dës Suite weder sengem Virgänger seng Kraaft nach seng Éier. "Strength and Honor" ass wuel de Mantra vum "Gladiator", ma dës Suite gehéiert zu enger laanger Lescht vun Hollywood-Sequels, déi aus rengen ekonomesche Grënn gemaach goufen an déi alt nees beweisen, datt Hollywood wäit vu senge gëllene Joren ewech ass. Et ass virun allem en energeschen a magistralen Denzel Washington, deen hei fir Ënnerhalung suergt wärenddeem de Paul Mescal an de Pedro Pascal schlussendlech net aus dem grousse Schied vum Russel Crowe kënnen ervirkommen.