Kinotipp: "The Substance" vum Coralie Fargeat

De "Body-Horror"-Film "The Substance" huet um leschte Festival vu Cannes de Präis vum beschten Dréibuch gewonnen.

Nodeems eng fréier Actrice, déi eng Aerobic-Televisiounsemissioun animéiert, aus hirem Job erausgëeekelt gëtt, well se fir ze al an net méi attraktiv genuch empfonnt gëtt, ouni kierperleche Schued en Autosaccident iwwerlieft, gëtt si vun enger mysteriéiser Firma ugeschwat fir eng experimentell Verjéngungskuer auszeprobéieren. Eng Substanz, déi keng Metamorphos, ma eng grotesk Gebuert vun engem jonken Dubbel wäert mat sech bréngen. 
 
"The Substance" ass der franséischer Realisatrice Coralie Fargeat hiren 2. Kinosfilm nom puere Genre-Film mam Titel "Revenge". Mat "The Substance" bleift hir Approche dem Horror-Genre trei ma geet trotzdeem doriwwer eraus. Eng affichéiert Ästhetik, déi vu Referenzen op dem Cronenberg, Lynch oder Kubrick seng Filmer nëmme sou spruddelt, gëtt den Toun un an engem Film, deen net fäert skurril, grotesk, bluddeg an total iwwerdriwwen an alle Beräicher ze ginn. E reegelrechte Plaidoyer géint déi machistesch Kultur vun der éiweger Jugend, déi d'Bild vun der Fra an onser Gesellschaft nach ëmmer konditionéiert an diktéiert. Sou ass "The Substance" e Film ouni Filter, deen doriwwer eraus der Hollywood-Actrice Demi Moore e fantastesche Comeback erlaabt.