A House of Dynamite vum Kathryn Bigelow
De neie Film vun der The Hurt Locker (2008) a Zero Dark Thirty (2012) Realisatrice Kathryn Bigelow ass elo exklusiv op Netflix ze gesinn.
Wann eng nuklear Rakéit op all de militär Radare vun der Welt opdaucht, geet eng diplomatesch Course géint d'Zäit un. D’Zukunft vun onser Welt steet um Spill, well wa bis kloer gëtt, datt mat Chicago, eng Stad mat knapp 10 Milliounen Awunner, Zil vun dësem anonymmen Ugrëff ass, gëtt et nëmmen eng Persoun, déi e vernichtenden Nuklearkrich kéint ofbremsen, an zwar de Potus, de President of The United States.
Vun der éischter Minutt u spiert een am extrem realisteschen Thriller "A House of Dynamite d'Urgence, déi hannert all Aktioun, all Telefonat an all Suerg vun de Protagoniste stécht.
Déi éischt Hallschent vum Film ass eng Meeschterleeschtung am Beräich vun der Spannung an detailléiert op präzis Manéier d'Zesummespill tëscht militärescher Bürokratie a weltpoliteschem Risiko. D'Stëmmung ass erdréckend, d'Angscht ass real an d'Kathryn Bigelow weist wéi séier eng falsch Entscheedung oder e Quiproquo d'Welt an d’Knéie kéint zwéngen.
Mee genee da wann A House of Dynamite sollt – ouni schlecht Wuertspill - explodéieren, fänkt en un, sech selwer am Wee ze stoen. D'Bigelow brécht d'Geschicht of, setzt se nei op a weist e weideren 3-Bléckwénkel déi selwecht Course géint d'Zäit. Dramaturgesch soll dat wuel d'Komplexitéit vun der Situatioun weisen, mee et schwächt d'Kraaft vum éischten Deel substantiell of. Den Tempo geet verluer, d'Echoen tëschent de Segmenter si repetitiv an domat gëtt dësen erféierend realisteschen an immens ambitiéise Film eng Grëtz manner intensiv. Trotz engem oppene Schluss, dee frustréierend ka sinn, werft dësen originale Film virun allem d'Fro vum fragillen Equiliber op, andeem d'Existenz vum Mënsch sech befënnt.
