Kinotipp: The Smashing Machine vum Benny Safdie
De Mark Kerr ass e Koloss, deen um Enn vun de 90er Joren uechtert d’Welt reest, fir am Réng un Ultimate Fighting Competitiounen deelzehuelen.
De Mark ass a sengem Sport nach ni als Verléierer aus dem Réng erausgaangen, ma hannert der Fassad vun der perfekter Kampfmaschinn verstoppt sech e komplizéiert Privatliewe geplot mat enger Sucht no Medikamenter.
The Smashing Machine ass e sougenannte Biopic, eng Verfilmung vum Liewe vun enger bekannter Perséinlechkeet, déi versicht de Code vum Genre opzemëschen, ma déi dobäi awer verpasst, sech wierklech u säin Haaptpersonnage z’interesséieren. En Haaptprotagonist, deen op ganz iwwerzeegend Manéier vum Dwayne "The Rock" Johnson interpretéiert gëtt, dee vun enger fantastescher Emily Blunt an der Roll vu senger exzentrescher Fra ënnerstëtzt gëtt.
De Realisateur Benny Safdie versicht deemno déi bewäerte Formel vum "Rise and Fall", dem Opstig an dem Fall vu sengem Held, ëmzedréinen, geréit domat awer an d’Laberenten, well et schlussendlech méi drëms geet, de Kampfsport selwer ze verstoe wéi seng Personnagen.
D’Biller si wuel beandrockend a bidden eng gelonge Mëschung aus verschiddene Formater, déi eng Ästhetik vun de Filmer aus de 70er Joren opliewe léist. The Smashing Machine, deen um Festival vu Venedeg de Präis fir de beschte Realisateur konnt wannen, huet deemno eng staark visuell Handschrëft, léisst awer déi emotional Dimensioun batter vermëssen.
