Kinotipp: Mini-Serie "Death by Lightning"
D'Netflix-Serie beschäftegt sech mat der Presidentschaft an dem Attantet vum 20. Us-President James Garfield.
Vun der iwwerraschender Wal vum James Garfield als 20. President vun de Vereenegte Staate bis hin zu sengem onerwaarten Doud no engem Attentat erzielt d‘Mini-Serie DEATH BY LIGHTNING a véier Episoden en Deel vun der amerikanescher Geschicht a vun der Republikanescher Partei, deen Haut nach staark Resonanzen huet.
Den Acteur aus SUCCESSION Mathew Macfadyen liwwert an DEATH BY LIGHTNING eng vun de stäerkste Leeschtunge vu senger Karriär. Hien spillt de Charles Guiteau – den exzentresche Fantast, deen 1881 den US-President James Garfield erschoss huet.
D’Serie werft en immens respektvolle Bléck op de Garfield selwer, en ënnerschate Staatsmann mat vill Substanz, dee vum exzellente Michael Shannon gespillt gëtt. Den dramaturgesche Schwéierpunkt bleift awer ganz kloer op sengem Attentäter. De Macfadyen spillt dëse miserabelen, lächerlechen, heiansdo souguer komesche Mäerder mat enger Prezisioun, déi gläichzäiteg ongemittlech an hypnotesch ass.
Vun de Kostümer iwwer zu den Dekoren ass déi historesch Rekonstitutioun absolutt erstaunlech, an DEATH BY LIGHTNING ass deemno eng Mini-Serie, déi momentan op Netflix ze gesinn ass, déi sech wéi e 4 Stonne Film ukuckt, an déi duerchaus de Kader vun der grousser Leinwand verdéngt hätt.
