Kinotipp: IN DIE SONNE SCHAUEN vum Masha Schilinski
IN DIE SONNE SCHAUEN huet de PRI X DU JURY um Film Festival vu Cannes 2025 gewonnen.
An engem grousse Landhaus an Däitschland verfollegt d'Réalistrice Mascha Schilinski d'Schicksaler vu véier jonke Fraen duerch véier Joerzéngten – vum Ufank vum leschte Joerhonnert bis haut. Ouni didaktesch Erklärungen, just duerch Biller, Téin a Montage ass et um Spectateur sech selwer d'Stécker vum Puzzel zesummesetzen. D'Haus ass quasi deen eenzegen Dekor, mee et transforméiert sech mat der Zäit, a mat him d'Geschichten vu Trauer, Angscht a Gewalt, déi sech wéi Echoen op hypnotesch a verstéierend Manéier äntweren.
IN DIE SONNE SCHAUEN ass eng Zäitrees a Form vun engem Labyrinth. De Spectateur kritt hei näischt virgeknat, e muss op all Detail oppassen a virun allem gëtt en opgefuerdert ze spieren. An dat ass genee wat de Film sou staark mécht: d'Mascha Schilinski ersetzt déi klassesch narrativ Logik duerch eng reng sensoriell, emotional Approche. Reminiszenzen an de Biller schale wéi verformten Echoen an ersetzen Deels Dialogen.
D‘Erfarung als Fra an enger Gesellschaft, déi vu Männer geformt gouf ze liewen ass d’Häerzstéck vun dësem eenzegaartege Wierk dat och ouni eng ongläich a sporadesch Voice-Over déi geleeëntlech versicht d‘Haaptthema vum Film auszeschwätzen auskomm wier. Dëst ass déi eenzeg Concessioun déi IN DIE SONNE SCHAUEN ageet an domat transzendéiert d’Schilinski op ganz dekomplexéiert Manéier all Zort vu Filmgenre.
