Kinotipp: ETERNITY vum David Freyne

ETERNITY ass eng existenziell Rom-Com mam Elizabeth Olsen, Callum Turner, Miles Teller.

No hirem Doud u Kriibs erwächt d'Joan an der Gestalt vun hirem 30 Joer alen Ech an enger Tëschestatioun, déi an hir Éiwegkeet soll féieren. Eng Woch bleift hir Zäit, fir ze wielen, wéi eng Form vun Éiwegkeet si verbrénge wëll a, virun allem, mat wiem: mam Larry, hirem Mann, mat deem si hiert halleft Liewe verbruecht huet, oder mam Luke, hir éischt Léift, deen am Koreakrich gefall ass an zanterhier Joerzéngte laang an engem Zäitraum tëscht Liewen an Doud op si gewaart huet.

Aus dësem romanteschen Dilemma zitt den iresche Regisseur David Freyne eng originell Variant vum sougenannte Liebesdräieck. ETERNITY lieft vu senger artifizieller ma assuméierter retro Ästhetik a vun enger Virstellung vum Liewen nom Doud déi un dem Kafka seng absurd Visioun vun der mënschlecher Existenz erënnert. Am Kär vum Film geet et ëm d’Fro, ob Léift éischter an der Intensitéit an Attraktioun vum Ufank oder an der Dauer vum Gemeinsame läit. Och wann d’Opléisung um Schluss e bëssen ze brav an ze versönlech geroden ass, bleift ETERNITY eng charmant a liicht Komedie an där d’Schauspiller em d’Elizabeth Olsen alleguer op nuancéiert Manéier iwwerzeegen ze wëssen.