Kinotipp: THE RIP vum Joe Carnahan
The Rip ass en Action-Thriller mam Ben Affleck a Matt Damon an der Roll vu Polizisten.
Nom Mord un hirem Kapitän fënnt eng Spezial Unitéit bei enger Razzia iwwer 20 Milliounen Dollar. D’Fro, ob si d’Geld behale sollen oder net, féiert zu Mësstrauen an oppene Konflikter, besonnesch tëscht dem Lieutenant Dane Dumars a sengem beschte Kolleeg dem Detective Sergeant J.D. Byrnes.
THE RIP vum Joe Carnahan ass en traditionellen Action Thriller mat atmosphäresche Biller, vill Klischeeën a an enger previsibeler Narratioun. Déi stäerkste Passage spillen an engem eenzegen Haus, wou d’Situatioun lues a lues eskaléiert. Am Mëttelpunkt sti Korruptioun, Loyalitéit a moralesch Grenzen. De Ben Affleck a Matt Damon spille bewosst géint hiert sympathescht Image un, ma kënnen och e flaacht Dréibuch an didaktesch Dialogen net besser maachen.
The RIP ass kee grousse Genre-Film, mee eng réng funktionell Netflix-Produktioun déi dovunner ausgeet, datt den Zuschauer de Film niewebäi kuckt a virun allem Zäit op sengem Handy verbréngt an dowéinst vu villen informative Widderhuelungen, souwuel an den Aktioune wéi am Dialog geplot ass.
