Kinotipp: ZOOTOPIA 2 vum Jared Bush, Byron Howard

Zootopia 2 ass eng fantastesch Suite vum Oscar-Gewënner an der Kategorie beschten Animatiounsfilm aus dem Joer 2017.

Am ZOOTOPIA 2 ass alles méi grouss, méi witzeg, méi chaotesch a politesch méi komplizéiert wéi am éischte Film aus dem Joer 2016. D'Judy Hopps an de Nick Wilde sinn elo Aarbeschtspartner a stoussen op eng Affär, déi Diskriminatioun a verdrängte Geschichtskapitele vu Zootopia opdeckt. De Film erweidert säin Universum konsequent, mat neie Liewensraim, Déieregruppen a méi déiwe gesellschaftleche Themen.

Visuell ass ZOOTOPIA 2 nach ëmmer extravagant: all Bild ass iwwerfëllt mat Detailer, Witz a Referenzen, déi heiansdo bal vun der Haaptgeschicht oflenken. Thematesch traut Zootopia 2 sech méi wäit wéi säi Virgänger, behandelt Theme wéi Muecht, Angscht an Ongerechtegkeet mat enger grousser Sensibilitéit.

ZOOTOPIA 2 ass eng ambitiéis, faszinéierend an ënnerhalend Suite déi souwuel déi Kleng wéi déi Grouss Kinosgänger kann ameséieren.