Kinotipp: CRIME 101 vum Bart Layton

Crime 101 ass en effikassen Thriller am Style vu moderne Klassiker wéi Heat an Drive.

Duerch gehackten Informatiounen iwwert Diamantentransporter zu Los Angeles, geléngt et engem geheimnisvollen Déif ëmmer nees präzis a schnell zouzeschloen ouni dat dobäi Leit verletzt ginn. De Lou, een depressive Polizist dee bei senge Cheffen éischter schlecht ugesinn ass, gesäit als eenzegen de Schema hannert den Doten, mee kritt sech net géint d’Hierarchie duerchgesat. Iwwerdeems gëtt Sharon eng Versécherungsagentin fir Räich Clientë vum mysteriéise Gangster kontaktéiert fir mat him zesummen ze schaffen.

D’Schicksaler vun den dräi Personnagen interpretéiert vum Chris Hemsworth, Mark Ruffalo an Halle Berry verstrécken sech ëmmer méi a maachen aus CRIME 101 en Thriller den sech net nëmme mam Katz a Maus Spill tëscht Gangster a Polizist beschäftegt, mee och d’Chancëgläichheet an der Gesellschaft thematiséiert. Ästhetesch kloer inspiréiert u moderne Klassiker wéi Heat oder Drive, proposéiert de Realisateur Bart Layton een zolitte Genre-Film den duerch déi grouss Verletzlechkeet vu senge Personnagen ëmsou méi interessant ass.