Kinotipp: RENTAL FAMILY vum Hikari

Am Rental Family geet et ëm de reelle Phänomen vu japaneschen Agencen bei deenen ee Familljememberen oder Kolleege ka lounen.

Den amerikanesche Schauspiller Philipp huet Problemer a senger neier Heemecht Tokio interessant Rollen ze fannen. Dëst erkläert firwat hien sech bei enger Firma virstellt déi him eng ganz speziell Offer mécht. Fir Leit déi sech eleng fillen oder déi aus bestëmmte Grënn eng Relatioun wëlle virtäuschen, soll den Acteur hire Kolleeg, hire Mann oder soss ee Familljemember spillen.


Den empathesche Philipp decidéiert d’Aarbecht unzehuelen, mee realiséiert schnell, dat hie Problemer huet fir seng eege Gefiller vu senger jeeweileger Roll ze trennen. Rental Family vun der Realisatrice Hikari beschäftegt sech mam reelle Phänomen vu Locatiounsfamillen a Japan a weist dobäi déi verschidde moralesch Problemer déi dat mat sech bréngt. De Film setzt dobäi staark op d’Emotioun a bleift trotz dem eeschte Sujet op der Piste vum Ënnerhalungskino wat sécher net jidderengem gefält. D’Performance vum Brandon Fraser an der Haaptroll an den aussergewéinleche Sujet maache Rental Family awer sécher zu enger interessanter Alternativ am aktuelle Kinosprogramm.