Kinotipp: THE BRIDE! vum Maggie Gyllenhaal

Een Horrorklassiker nei a spektakulär interpretéiert!

The Bride! ass eng zäitgeméiss Interpretatioun vum Filmklassiker The Bride of Frankenstein, bei dem d’Geschicht ronderëm dem Monster seng Dramfra zu engem feministesche Manifest gëtt, dat sech och un enger Hellewull anere Wierker wéi Bonnie and Clyde inspiréiert. Nodeems d’Ida en Affer vu skrupellose Gangster, ënnert dem Numm Penelope nees zum Liewen erwächt gëtt, zitt hatt mam Frankenstein sengem Monster genannt Frank duerch d’Stroossen, fir d’Liewen ze genéissen. Wéi hatt sech mam Frank senger Hëllef géint eng Aggressioun wiert a sech oppe géint d’Korruptioun a sexuell Gewalt ausschwätzt, gëtt d’Outsider-Koppel gespillt vum Jessie Buckley a Christian Bale vun der Mafia an der Police duerch Amerika gejot.

Der Realisatrice Maggie Gyllenhaal, déi sech scho virun der Kamera en Numm gemaach huet, geléngt hei een originellen an engagéierte Long-Métrage, dee sech awer deels am Mix vu Genren an Intentioune verléiert. Ënnert dem Stréch bleift The Bride! am Circuit vun de kommerzielle Filmer awer eng erfrëschend Alternativ mat engem wichtege Message.