Kinotipp: L’INCONNU DE LA GRANDE ARCHE vum Stéphane Demoustier

Op Initiativ vum François Mitterrand gëtt 1983 en internationalen Architekturconcours lancéiert.

Eng modern Arche soll déi historesch Achs vum Louvre iwwer den Arc de Triomphe eraus verlängeren. D’Iwwerraschung ass grouss, wéi net eng etabléiert Agence gewënnt, mee en onbekannte Professer vu Kopenhagen. De Johan Otto von Spreckelsen, ass mat sengen 53 Joer a mat just véier konzipéierte Gebaier weltwäit dach onbekannt. Vun haut op muer steet hien am Zentrum vun engem politesch opgeluedene Megaprojet, an enger permanenter Spannungszon tëscht senger radikaler Visioun an der franséischer Staatsbürokratie.

De Film vum Stéphane Demoustier erzielt dës Konfrontatioun mat enger grandioser formeller Disziplin. Am quadratesche Bildformat agespaart, spillt de Claes Bang de Spreckelsen als obsessiven Idealist, deen ëmmer méi u senger Iddi festhält. De Xavier Dolan iwwerrascht als pueren Technokrat, an d‘Sidse Babett Knudsen setzt en diskret emotionaalt Géigegewiicht. Formell genee wéi thematesch ass dëse franséischen Drama exzellente Kino deen och a senger historescher Rekonstitutioun op allen Niveauen, sief et an de monumentalen Dekore wei och an de Kostümer op der ganzer Linn iwwerzeegt.

Hei am Land ass dem Demoustier säi Meeschterwierk leider net am Kino gelaf, dofir kann ee L’INCONNU DE LA GRANDE ARCHE elo op de VOD Platformen oder op Bluray vun Doheem aus genéissen.