Kinotipp: The Super Mario Galaxy Movie
Den éischte Weekend huet de neie Super Mario 375 Milliounen Dollar an de Kinoen agespillt an ass domadder bis ewell den erfollegräichste Film vun 2026.
Iwwert der Prinzessin Peach hiert Kinnekräich eraus reesen de Mario, de Luigi an de Yoshi duerch d’Galaxien zesumme mat néien Alliéierten, fir de Bowser Jr. ze stoppen, deem säi Versuch säi Papp ze retten d’Gläichgewiicht vum Universum a Gefor bréngt.
