Kinotipp: Mortal Kombat 2 vum Simon McQuoid

5 Joer nom Reboot vun dëser Videospillverfilmung ass eng bluddeg Suite an de Kinoen eraus.

Fir dem iwwermächtege Shao Khan d’Handwierk ze leeen, mussen déi verschiddenste Kämpfer vun der Welt un engem Tournoi deelhuelen, wou all Kampf bis op den Doud ass. Mattendran den Johnny Cage, en Action-Schauspiller, dee seng bescht Joren hannert sech huet an deen op sou engem Tournoi net wierklech op senger Plaz ass.

An MORTAL KOMBAT 2 geet et endlech ëm dat, wat all Videospill begeeschterte Kinosgänger sech scho beim éischte Film erhofft hat. Et kënnt endlech zum eigentlechen Turnéier dat den DNA vum weltbekannte Videospill ausmécht. Action, vill Blutt, eng Rei Fatalities stinn hei als Haaptmenu um Programm.

De Realisateur Simon McQuoid bleift dem Stil vum MORTAL KOMBAT Reboot aus dem Joer 2021 trei a verzicht op déif an onnëtz Dialoger. D’Kämpf si méi dynamesch wéi a sengem Virgänger, a virun allem hëllt de Film sech selwer vill manner eescht an de Karl Urban suergt als Johnny Cage fir den néidegen Humor.

MORTAL KOMBAT 2 ass a bléift eng Videospill-Adaptatioun fir de groussen Ecran, déi virun allem brutale Fanservice wëll sinn.