Kinotipp: Ladies First vum Thea Sharrock
LADIES FIRST, eng nei Netflix Produktioun mam Sacha Baron Coen a Rosamund Pike.
Et ass e Remake vum franséische Film aus dem Joer 2018 mam Titel JE NE SUIS PAS UN HOMME FACILE.
Den Damien Sachs, en arroganten a sexistesche Publicitaire, erwächt no engem Accident an enger Welt, an där d‘Fraen d'Muecht hunn an d'Männer diskriminéiert ginn. Fir nees a seng machistesch Welt zeréck ze komme muss hien an dëser ëmgedréinter Realitéit verstoen an acceptéiere wat Fraen am Alldag erliewen.
Ladies First ass eng Netflix Komedie mat enger originaler a staarker Ausgangsiddi, déi hiert Potenzial awer ni ganz oprifft. Wat als schaarf Satir ufänkt, gëtt séier viraussiichtlech a widderhëlt sech iwwert knapp 90 Minutten dach ze dack mat verschiddenen Declinaisoune vum selwechte Witz.
Amplaz gesellschaftlech Strukturen intelligent ze analyséieren, setzt de Film meeschtens op Karikaturen an offensichtlech Pointen di an der Ureiung séier Flaach falen. D’Welt vum Matriarchat gëtt net als komplex oder spannend Gesellschaft gewisen, mee als simpelt Spigelbild vun eiser Männer dominéierter Welt a verléiert domat séier un Interêt.
Wann de Sacha Baron Coen an der Haaptroll dach Schwieregkeeten huet den neidesche Charisma oder och Empathie auszestralen, stellen d‘Rosamund Pike an d‘Fiona Shaw nees ënner Beweis datt si exzellent Schauspillerinne sinn déi och an enger verfeelter Satir kënnen total iwwerzeegen .
