Kinotipp: La Bataille de Gaulle - L’âge de fer
Et ass den éischte Film vun enger 2-deeleger 100-Milliounen-Euro-Produktioun, déi op d’Liewe vum Generol Charles de Gaulle zeréckkuckt.
Juni 1940. Frankräich ënnerschreift ënner dem Maréchal Pétain den Armistice a kapituléiert virun den Nazien. De Generol Charles De Gaulle refuséiert dëse Schrëtt a flücht op London fir vun do aus de franséische Widerstand ze organiséieren.
Dem Antonin Baudry säi La Bataille de Gaulle ass ee grouss ugeluechte Projet an zwee Deeler, déi an engem Ofstand vun engem Mount an de Kino kommen. Mat engem Gesamtbudget den ëm déi 100 Milliounen Euro soll leien, kritt de Spectateur dann och eng opulent a realistesch Mise en scène gebueden. Den éischten Deel L’âge de fer, deen d’Geschicht bis zum Antrëtt vun den Amerikaner an de Krich erzielt, gëtt duerchaus senger Ambitioun gerecht, fir déi historesch Evenementer engem grousse Public zougänglech ze maachen. Dem Simon Abkarian seng Interpretatioun wierkt mat Momenter zwar liicht iwwerzeechent, gëtt awer am ganzen dem de Gaulle senger formeller Dictioun a sengem dréchenen Humor gerecht.
