Kinotipp: Minions and Monsters vum Pierre Coffin a Patrick Delage
16 Joer, nodeems si eng éischte Kéier um Ecran als Assistente vum béise Gru ze gesi waren, sinn d'Minions längst méi populär gi wéi hire Chef.
Am drëtte Spin-Off-Film ronderëm déi sympathesch Chaote reese mer zeréck an d'1920er Joren, wou si op der Sich no engem neie Meeschter op eemol zu Hollywood landen. Hei setze sech dräi vun hinnen of, fir hiren Dram vum eegenen Horrorfilm ze realiséieren. Well si ee besonnesch realistescht Wierk wëllen erschaffen, notze si e puer Zauberspréch, fir al Monsteren nees lieweg ze maachen. Dës Kreature sinn awer net ze bändegen an de Filmprojet geréit ausser Kontroll.
Bei Minions and Monsters vum Pierre Coffin a Patrick Delage ginn déi Erwuesse mat enger Hellewull vu Referenzen un d’Filmgeschicht verwinnt, wärend déi Kleng sech iwwert déi endlos Slapstick-Sequenze kënnen ameséieren. Datt den Zenario dobäi ganz einfach gestréckt ass an um Enn och wéineg ze soen huet, wäert engem weidere Succès vun de klenge Männercher wuel net am Wee stoen.
