Kinotipp: Vaiana vum Thomas Kail
Fir säi Vollek d’Motunui virum Ënnergang ze retten, muss dat jonkt Vaiana eng geféierlech rees iwwert D’Mier ënnerhuelen.
Dat fir der Göttin Te Fiti hiert Häerz zeréck ginn. Dobäi braucht hat d‘Hëllef vum Hallefgott Maui, ausgerecht der Persoun déi deemools d’Häerz gestuel hat.
Vaiana ass een éischter oninspiréierte Live-Action-Remake vum Animatiounsfilm mam selwechten Numm dee virun 10 Joer an d‘Kinoe koum. De Realisateur Thomas Kail notzt d’Geleeënheet net fir d’Geschicht op originell an zäitgeméiss Manéier nei ze erzielen. Dee groussen Opwand fir d‘Dekoren a d'Spezialeffekter steet dobäi am Géigesaz zu deene repetitive Witzer an den hallefhäerzeg formuléierte Messagen. D‘Aventure vum Duo Catherine Laga‘aia an Dwayne Johnson ass deemno éischter eppes fir trei Disney-Fans déi keng Sortie wëlle verpassen.
