Kinotipp: THE INVITE vum Olivia Wilde
THE INVITE, realiséiert vum Olivia Wilde, ass e Remake vun enger spuenescher Comédie vun 2020.
Zu engem Moment wou hier Relatioun mam Joe grad um absolutten Déifpunkt ass, invitéiert d’Angela déi nei Nopere fir z’iesse. Wéi alles wat hat mécht hält den Joe och dat fir eng schlecht Iddi. Mee den Owend hëlt eng onerwaarten Tournure wéi d’Pina an den Hawk ufänken iwwert hiert Sexualliewen ze erzielen.
THE INVITE ass e Remake vun der spuenescher Comedie Sentimental aus dem Joer 2020. D’Actrice Olivia Wilde, déi hei och Realisatrice war, weist sech dobäi net nëmme vir mee och hannert der Kamera a Beschtform. Mat engem dynameschen Decoupage den déi extrem gespaante Situatioun ënnersträicht an engem gudde Rhythmusgefill fir déi vill Revirementer hieft si d’Original nach eemol op neien Niveau. Hier Schauspillkolleege Penelope Cruz, Seth Rogen an Edward Norton schéngen op dëser Gefillsaachterbunn genee souvill Spaass gehat ze hu wéi si selwer.
