Kinotipp: Heart of the Beast

Ee Veteran a säi Militärhond mussen sech nom engem Fligeraccident duerch 100 km Wildnis kämpfen.

De Veteran James Belmont reest mat sengem Militärhond Odin ganz déif an d’Wildnis vun Alaska fir déi traumatesch Krichserliefnisser esou wäit wéi méiglech hannert sech ze loossen. Nodeems si mat hirem Fliger eroffalen, mussen déi zwee awer nach eng leschte Kéier hier Fäegkeeten ënner Beweis stellen, fir et bis bei di nächst Strooss ze packen déi bal honnert Kilometer ewech ass.

Den David Ayer den de Brad Pitt och schonns am Krichsfilm Fury dirigéiert hat, realiséiert mat Heart of The Beast eng spannend Aventure a där virun allem d’Frëndschaft tëschent Meeschter an Hond am Mëttelpunkt steet. Sujete wéi Trauer, Trauma a Krich ginn zwar ëmmer nees ugeschnidden awer net wierklech an der Déift behandelt. D’Geschicht déi virun allem duerch déi physesch Epreuvë gedriwwe gëtt, déi den Duo ëmmer nees iwwerstoe muss fir ze iwwerliewen, funktionéiert dobäi zumindest um Niveau vun de Emotiounen.