Kinotipp: DIGGER vum Alejandro Iñárritu
Den Tom Cruise verwandelt sech fir DIGGER an ee gourmangsesche Geschäftsmann, deen eng weltwäit Katastroph ausléist.
Den amerikaneschen Industriellen Digger Rockwell, ignoréiert d’Warnunge vu senge Mataarbechter a provozéiert domat d’Explosioun vun enger Uelegplattform. D’Kettereaktioun déi doduerch entsteet, dreet en Deel vun Europa ze zerstéieren. De President Compson weess sengen Hänn kee Rot a gëtt kuerzerhand dem Digger selwer den Optrag eng Léisung fir de Problem ze fannen.
Heiansdo ass d’Realitéit esou absurd datt et schwéier ass se op d’Schëpp ze huelen. Dat erkläert wuel firwat den Alejandro Iñárritu a senger Satir DIGGER esou déck opdréit. Dem Film säi visuelle Stil an seng iwwerzeechent Personnagë wäerte sécher polariséieren. Den Tom Cruise, den John Goodman an d’Sandra Hüller ginn dem Realisateur säi wee awer bedéngungslos mat an d’Geschicht ass dann awer erschreckend no un der Realitéit. Wëssenschaftlech Fakten déi net an de Krom passe ginn duerch eng konfus Erzielung ersat an zynesch Decisioune gi bei Kritik duerch nach méi zynescher getoppt. Och wann net all Geck gelongen ass, kéint een Digger duerchaus an der nächster Oscar-Course erëmfannen.
