"Kuerz a knapp" mam Daniel McLloyd

08/02/2022

An eiser Serie "Kuerz a knapp" stelle mir prominent Gesiichter an engem kuerzen Interview vir.

De Kënschtler vun Esch huet sech an de leschte Joren och international konnten e Numm maachen. Hei zu Lëtzebuerg kennt een hie virun allem duerch seng Fassaden, déi hie mat ville Faarwen a flotte Motiver méi en Valeur setzt. “Kamellebuttek” sou heescht den Atelier vum Daniel a genee do hu mir hie fir e kuerzen Interview getraff a ginn ënnert anerem gewuer wat dem Daniel säi flottste Projet bis ewell war.