"Kuerz a knapp" mam Melody Funck

01/02/2022

An eiser Serie "Kuerz a knapp" stelle mir prominent Gesiichter an engem kuerzen Interview vir.

Deene meeschte Leit dierft déi jonk Lëtzebuergerin awer och schonn op TikTok opgefall sinn. Do zielt et eng 630.000 Leit, déi reegelméisseg seng Videoe kucken. D'Influencerin schafft intensiv un hirer Karriär a wëll iergendwann zu deene ganz groussen Internetstare gehéieren. Ob ee mat Social Media séier vill Sue verdénge kann a wéi laang d'Melody brauch, fir sech moies fäerdeg ze maachen, dat huet et dem Loïc Juchem an engem Interview kuerz a knapp verroden.