Mënschen an der digitaler Welt: "Die Sperber-Bussard-Frage" vum Nora Wagener
02/11/2025

An 13 Kuerzgeschichten erfuerscht d'Nora Wagener wéi Mënschen a Relatiounen sech an der digitaler Welt verännert hunn
Vun Online-Shopping iwwer Dating bis bei Gespréicher mat engem Chatbot: déi nei Technologien sinn an all Beräich vun eisem Liewe präsent. Am Interview erzielt d'Nora Wagener wéi dës Technologien net nëmmen den Inhalt, mä och d'Form vun der mënschlecher Kommunikatioun veränneren.
"Die Sperber-Bussard-Frage" vum Nora Wagener ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.
