"Vum Buedem ofhiewen a fléien, fir vum Bësch z'erzielen"

27/12/2025
"Vum Buedem ofhiewen a fléien, fir vum Bësch z'erzielen"
Play

Interview mat der prominenter spuenescher Schrëftstellerin Rosa Montero

D'Rosa Montero, 1951 zu Madrid gebuer, huet als Journalistin eng 2000 bekannt Perséinlechkeeten interviewt, si ass awer och als Schrëftstellerin bekannt.
No engem Studium an de Beräicher Psychologie a Journalismus huet d'Rosa Montero 1976 hir Aarbecht bei der grousser spuenescher Dageszeitung El País opgeholl, wou si eng Zäit laang och Chefredaktesch vun der Sonndesbäilag war. Berümt ginn ass si haaptsächlech duerch hir Interviewen, mat engen 2000 weltbekannte Perséinlechkeeten, dorënner de Yassir Arafat an de Paul McCartney,  huet si sech ënnerhalen. Dernieft schreift si och Bicher: eng 20 Romaner si bis elo erauskomm, awer och Kuerzgeschichten, Biografien a Kannerbicher. Verschiddener vun hiren Texter si fir den Theater oder fir de Kino adaptéiert ginn, sou zum Beispill hire Roman "La bonne chance" (La buena suerte) deen am Juni 2025 a Spuenien op de groussen Ecran komm ass (Dëse Film vun der Realisatrice Gracia Querejeda wäert iwwregens de 17.Januar 2026 am Kader vum spuenesche Filmfestival hei zu Lëtzebuerg gewise ginn) Oder "L'inconnue du port", e Buch dat si zesumme mam Olivier Truc geschriwwen huet, an dat amgaangen ass vun Netflix verfilmt ze ginn. D'Serie soll ënnert dem Titel "La desconocida" (l'inconnue) am Laf vum Joer 2026 erauskommen.
D'Lëscht mat de Präisser déi si an hirer Carrière gewonnen huet, ass laang, souwuel als Journalistin wéi och als Autorin. 
An hire Bicher léisst si keen Thema aus an et kann een si och net op en eenzege Genre festléën. An "L'idée ridicule de ne plus jamais te revoir" ( "La ridícula idea de no volver a verte" 2013) verschafft si de fréien Doud vun hirem Mann. An "Le roi transparent" ("Historia del rey transparente" 2005) ass d'Haaptfigur dat jonkt Leola, dat sech an der Aquitaine vum 12te Jorhonnert als Ritter verkleede muss, fir z'iwwerliewen. Ganz beléift ass och hire futuristesche Romanzyklus ronderëm d'Replikantin Bruna Husky, deen am 22ste Jorhonnert spillt. Dräi Bänn si bis elo schonn op Franséisch erauskomm, dee véierten a leschte Band soll am Fréijoer 2026 bei hirem franséische Verlag éditions Métailié publizéiert ginn. 
Am Mee war si zu Lëtzebuerg op Besuch, wou si bei enger Konferenz an der Abtei Neimënster vun hirer Aarbecht erzielt huet. 
Am Interview verréit si wéi eng Interviewpartner si an hirer laanger Karriär besonnesch beandrockt hunn, wéi no hir futuristesch Romaner un eis Realitéit erukommen a firwat et heiansdo gutt deet, e ganz e wéineg "verréckt" ze sinn.