Do rëselt eist Wopendéier de Kapp: "De Léiw gëtt rout" vum Jean-Paul Maes

7 Personnagen a 7 Kuerzgeschichten
De Charel, d'Bianca, d'Madamm Wilmes, de Wangerts, d'Michèle, d'Madamm Kugeler oder de Jean-Luc: hannert all deenen Nimm verstoppt sech net just eng Persoun, mä och eng Liewes -Realitéit déi heiansdo méi duerch Illusioune verdeckt gëtt wéi et de Protagoniste bewosst ass. D'Geschichte sinn traureg, tragesch, hoffnungsvoll a virun allem: aus dem Liewe gegraff. An iwwerall ass och eng Grëtz Humor dobäi. Ob fräiwëlleg oder onfräiwëlleg, déi 7 Held(inn)e bréngen eis zum Laachen.
De Jean-Paul Maes ass haaptsächlech als Acteur an Theater-Auteur bekannt, huet awer mat "Rehaugen" (2021) och e Roman erausbruecht. Ënnert deene sëlleche Rollen déi en a senger laanger Carrière gespillt huet, ass och déi vum Erni Tendo an "De Superjhemp retörns" (2018). Am Interview erzielt de Jean-Paul Maes vu senge siwe Personnagen, an hie verréit wat de Léiw (an och de Renert) mat all dem ze dinn huet.
"De Léiw gëtt rout" vum Jean-Paul Maes ass bei Kremart Edition erauskomm.
