A wann ee seng Problemer einfach ëmtausche kéint?

"D'Problemsbourse" vum Lynn Berchem
"Mir versuergen Är Suergen", dat ass d'Verspriechen vun der Problemsbourse, bei der Kanner, souzesoen am Schlof, hir Problemer kënnen ofginn. Den Hoke bei der Saach? Fir all Problem deen een ofgëtt, kritt een en Neien aplaz. An et weess ee wat een ofgëtt, mä et weess een ni wat ee kritt...
Dat ass d'Ausgangssituatioun vun der Lynn Berchem hirem éischte Kannerbuch. Fir dës Erzielung huet si eng Dramwelt geschaaf, déi vun de Probbien bevëlkert gëtt, klenge Männercher déi d'Tauschgeschäft mat de Kanner hire klengen a mëttelgrousse Problemer organiséieren. De Carlo Schneider huet dës Dramwelt illustréiert, an et kann een sech d'Geschicht och iwwer QR-Coden am Buch virliese loossen. Am Interview erzielt d'Lynn Berchem wéi "D'Problemsbourse" entstanen ass a wat d'Iddi dohanner ass.
