Episod 2 - Beim Pascal zu Washington

Mir léieren de Pascal Forotti kennen. Hie kënnt vun Dippech, wunnt elo awer zu Washington a bedreift do zanter 10 Méint en Hotel. E Reportage vum Yves Trevalec

Awer net egal wéi een. Rieds ass vum Watergate Hotel, bekannt ginn duerch de Polit-Skandal ronderëm de President Nixon a seng Oflauschter-Affär. Den Yves Trevalec huet de Pascal Forotti a senger neier Heemecht an am weltberühmten Hotel besicht.