Episod 7 - Mam Sam Reuter ënnerwee vun Dubai op Zürich

Wéi e kleng war, wollt e Bauer ginn. Haut ass de Sam Reuter Marken-Ambassadeur vun Davidoff, engem bekannten Zigaren-Hiersteller. E Reportage vum Yves Trevalec.

Nei Produkter entwéckelen, se presentéieren, ronderëm d'hallef Welt fléien - esou gesäit säin Aarbechtsalldag aus. An eiser Serie “Lëtzebuerger am Ausland” begleede mir de jonke Lëtzebuerger op senge Geschäftsreesen, vun Dubai bis op Zürich. Wéi de Sam zu dësem Job komm ass, a wat en nach mat Lëtzebuerg verbënnt, huet fir eis den Yves Trevalec nogefrot.