Episod 1 - Mam Debbie Kirsch zréck an Indien
An der Chrëschtvakanz besiche mer nees Lëtzebuerger déi et an d'Ausland gezunn huet fir hei eng nei Karriäre oder en neit Liewen opzebauen.
Eis éischt Kandidatin ass d'Debbie Kirsch , eng jonk lëtzebuergesch Entreprenerin déi zwar lo nees hei am Land lieft a schafft ma fir hier nohalteg Kleedermark "Devi" reegelméisseg zréck an Indien geet fir hei d'Stëfter fir hier Kleeder héchstperséinlech bei d'Produzentinnen akafen geet. Den Nicolas Havé huet si heibäi begleet.
