Episod 7 - Thierry Phal
D'Liewen zu Langkawi, engem malayseschen Archipel.
Den Thierry Phal hat schonns zu Lëtzebuerg alles erreecht. Iwwer 20 Joer laang huet hie mat sengem Papp den Zwee-Stäre-Restaurant "Bergerie Geyershaff" geleet. Zënter gutt 15 Joer elo verwierklecht hie säin Dram vu neie Geschäftsiddien ob engem anere Kontinent. Den Thierry Pahl huet op der Plage vun Langkawi eng Cocktail-Bar, e Restaurant, en Jetski-Shop a geschwënn och eng Bäckerei opgemaach. Mat senger "Yellow Bar" huet hien dat erreecht, wat bis ewell soss keen dohannen am moslemesche Malaysien gepackt huet: Hien däerf als eenzeg Bar ob der malaysescher Plage vu Langkawi Alkohol verkafen. E gudden Ausgangspunkt fir e gudde Business. Dovu konnt den Yves Trevalec sech op der Plaz iwwerzeegen.
