Episod 1 - Alexander Haupt
De Perkussionist huet sech a Kanada en neit Liewen opgebaut.
Den Alexander Haupt wollt am Fong Bijoutier oder Architekt ginn. Duerch seng Grousselteren huet hien dunn awer d’Léift fir d’Musek entdeckt. Haut lieft de gebierteger Stater a Kanada a schafft do als professionelle Museker. Den Yves Trevalec huet den Alexander a senger neier Heemecht besicht a sech déi schéinste a speziellste Plaze vun der kanadescher Groussstad weise gelooss.
