Episod 5 - Dave Junker
Do liewen, wou anerer Vakanz maachen. Den Dave Junker schafft an der Tourismusbranche.
Op de Philippinnen ass hien Direkter vun engem 5-Stären-Hotel, direkt op der Plage. Hie wëll senge Clienten eng eenzegaarteg Vakanz erméiglechen an deem Land, wou hien elo zanter 6 Joer mat senger Famill lieft. Den Yves Trevalec war hie besichen.
