Episod 3 - Nico Nicks

Eng Serie iwwert Lëtzebuerger, déi am Ausland en neit Liewen ugefaangen hunn, wäit ewech vun doheem.

Den Nico Nicks geet schonn zënter 47 Joer an d'Fieschertal. De gréissten Deel vum Joer verbréngt hien do an den Alpen. Den Néckel, wéi hien och nach genannt gëtt, geet awer net just fir ze wanderen oder fir Schi ze fueren an d'Schwäiz, mä och fir Paragliding.