Episod 1 - Marie-des-Lys Heinz
D'Marie-des-Lys Heinz wunnt an Thailand a mécht sech weltwäit een Numm als Kampfsportlerin.
Déi 23 Joer al Lëtzebuergerin mécht grad hire Master an internationalem Business op der Universitéit zu Bangkok. Donieft geet déi jonk Fra hirer Passioun no - dem Thai-Boxen. Viru 6 Joer ass si an Thailand ausgewandert, fir sech ganz deem Sport ze widmen, dee si schonn zu Lëtzebuerg an engem Sportsclub praktizéiert huet. Zejoert am Mäerz huet déi jonk Lëtzebuergerin den Héichpunkt vun hirer Karriär erlieft an am Muay Thai de Weltmeeschter-Titel an hirer Kategorie kritt. Een Abléck an hiert Liewen an Asien.
Journalist: Yves Trevalec