Episod 9 - Laura Di Mola

D'Lëtzebuergerin ass Restauratrice vu Statuen a Skulpturen an huet een eegenen Atelier zu Ierpeldeng op der Sauer. De Lien zu Venedeg bleift awer grouss.

D'Laura Di Mola huet an der italieenescher Stad studéiert a geschafft an ass haut nach berufflech domat verbonnen ass. Venedeg ass fir si wéi een zweet Doheem. Dat och well een Deel vun hirer Famill an dëser Regioun lieft. Si kennt all eenzel Gaass vun dëser Stad auswenneg.

Spezialiséiert ass déi Lëtzebuerger Handwierkerin an der Restauratioun vu faarwegen, 3-dimensionale Konschtwierker, wéi zum Beispill Bas-Relief-Skulpturen oder Statuen. D'Handwierk huet si zu Venedeg geléiert, schafft den Ament awer haaptsächlech zu Lëtzebuerg. Vun der Renaissance bis zur zäitgenëssescher Konscht passt si sech un all Perioden un, un d'Geschicht vun den Objeten, hir Dimensiounen, Material a Faarwen.

Entdeckt den Alldag vun dëser Lëtzebuergerin zu Venedeg am Reportage vum Valentine Patry.