Episod 11 - Xavier Pawlowski
An dësem Episod geet et bei de Xavier Pawlowski op Wien an Éisträich. De Lëtzebuerger huet et do vun der Physik bei de Film gezunn.
Him feelen nach 2 Joer, dann huet hie säin neien Diplom an der Täsch. Den 29 Joer ale Lëtzebuerg studéiert den Ament Cinematographie zu Wien op der Filmakademie.
Et war ee radikale Wiessel: Säi Bachelor hat de jonke Mann an der Physik gemaach. Zënter enger Zäit ass hien am Film-Beräich ënnerwee. Säin Dram ass et Bildregisseur ze sinn – also déi riets Hand vun engem Realisateur. De Bildregisseur ass zoustänneg fir déi artistesch Qualitéit vum Bild an huet och déi kreativ an technesch Responsabilitéit vun den Opnamen.
Zënter 2019 wunnt de jonke Mann vu Keel elo zu Wien. Eng Stad, déi hien a sengem Liewen net mësse wëll.
E Reportage vum Yves Trevalec