Lëtzebuerger am Ausland: Den Olivier Conrardy op de Philippinnen
Et si Biller, déi hunn den Olivier Conrardy 2013 net méi lass gelooss.
Et sollt dee bis dato schlëmmsten Taifun sinn, deen den Inselstaat vun de Philippinnen getraff huet an deen iwwerhaapt jee an der Geschicht gemooss gouf. Den Olivier wollt awer net just vun Doheem aus mat enger Spend hëllefen, mee huet seng 7 Saache gepaakt an ass op d'Plaz gefuer. An elo ass et seng zweet Heemecht ginn. Hien huet seng Liewensaufgab fonnt an hëlleft mat senger Organisatioun Aides Philippines, deene Mënschen, deenen et um Néidegsten feelt a bezitt an engems och Schüler vu Lëtzebuerg mat an. Wéi dat genee ausgesäit a wéi säi Liewen dohannen ass .... d'Michèle Zanussi war hie besichen.