Buergen a Schlässer am Land (4): Schlass zu Buerglënster
Haut kréie mir d’Diere vum Schlass Buerglënster grouss opgemaach a stoussen do op richteg Enthusiasten.
Mir léieren de Chefkach René Mathieu kennen, deen a senge Restauranten am Schlass komplett op Fleesch a Fësch verzicht a just mat planzlechen Ingrediente kacht. Den Armand Schleich ass den eenzege Guide am Schlass Buerglënster a versicht, mat vill Engagement d’Geschicht vum Schlass um Liewen ze erhalen. Am 13. Joerhonnert ass et gebaut ginn an 1968 huet de Lëtzebuerger Staat d’Gebailechkeete kaf an huet se bis haut ëmmer nees renovéiert. Sou ginn et mëttlerweil och Atelieren am Schlass Buerglënster, wou Kënschtler sech kënnen austauschen an u Projete schaffen an och e Bicherbuttek fënnt een do. Zanter 1999 kritt een hei bal 40.000 gebrauchte Bicher a verschiddene Sproochen ze kafen. Et ass also eng Plaz, wou Leit, déi vu Konscht, Gastronomie an och Geschicht begeeschtert sinn, zesummekommen.