Buergen a Schlässer am Land (5): Schlass vu Beefort

Zu Beefort ginn et direkt zwee wichteg Zäitzeie vum Lëtzebuerger Patrimoine, dat mat der Ruin vun enger Buerg aus dem 11. Joerhonnert an engem Schlass vun 1649.

Marquant ass dobäi e.a, datt dës historesch Gemaier op knapp 10 Meter Distanz gebaut goufen. Am Reportage kréie mer Abléck a béid, besonnesch am Renaissance Schlass ass nach alles emol wéi d’anert, an et huet een d'Gefill, déi lescht Schlasshärin géif all Ablack zur Dier erakommen. Net nëmme Visitten halen de Site lieweg, hei gëtt zënter 1930 e ganz bekannte Likör aus schwaarze Kréischele gemaach, de Cassero. En exzeptionelle Site, deen nach villes méi ze bidden huet an deen de bekannte franséische Schrëftsteller Victor Hugo schon 1871 verzaubert huet « C’est une vision » [...] « Le manoir est splendide. Ruine magnifique. ».