Buergen a Schlässer am Land (6): Schlass vu Clierf

An eiser Serie ëm déi schéinste Schlässer zu Lëtzebuerg huele mir Iech des Kéier mat an d'Schlass vu Clierf.

Schonn am 12 Joerhonnert goufen déi eischt Deeler hei erbaut. Ma besonnesch den 2. Weltkrich hat un dësen historesche Gemaier vill zerstéiert, wéi bei der Ardennenoffensiv 1944 och zu Clierf gekämpft gouf. No de Restauréierungsaarbechte kann een haut net nëmmen e wonnerschéint Schlass uewen um Fiels entdecken, ma och aussergewéinlech Archiven an zum Deel richteg Schätz, déi grouss Famillen aus dem Norden hannerlooss hunn.