Episod 2: 1903 Fritz Bastendorff - Dikrech

Wann aus engem mysteriéise Verschwannen eng geféierlech Verschwörung gëtt, mussen den Henrotin an de Clemens erausfannen, wat Wourecht a Manipulatioun ass.

D'Fréijoer huet grad ugefaangen.
Nodeems de Léon Clemens e Papp, deen sech am Waasser vun engem Floss d'Liewen huele wollt, gerett huet, entdeckt hien d'Fra vum Mann reegungslos op hirem Bett. Si läit do an hire schéinste Kleeder, ewéi eng Dornröschen.
Wéi en Drama huet sech an dëser Schlofkummer ofgespillt? Obwuel näischt op e Verbriechen hindeit, ass de Léon virwëtzeg an decidéiert, den Albert Henrotin ze kontaktéieren, fir dass si gemeinsam Nofuerschungen ustelle kënnen...