Wat ass ginn aus dem ... Maggy Molitor

21/03/2021

Mir katapultéieren eis puer Joerzéngten zréck an d’Vergaangenheet. Bei eng Fra, déi an den 80er an 90er Joren am ganze Land bekannt war.

D’Maggy Molitor huet bal 10 Joer laang sonndesmëttes den Hei Elei Kuck Elei presentéiert. Wéi dat fir si deemools war. Firwat se duerno bei ville Staatsvisitten dobäi war. A wat hir wierklech Passioun am Liewen ass. Dat huet si eis am Interview verroden.