Wat ass ginn aus dem ... Fonsi Grethen

02/05/2021

De Fonsi Grethen war 4 Mol Weltmeeschter an 13 Mol Europameeschter am Karambolage-Billard. 2002 war dunn no méi wéi 20 Joer Schluss.

Haut spillt de Fonsi zwar kee Billard méi, mä dofir huet hien elo eng aner Sportaart fonnt, déi hie begeeschtert. Mir hunn ee vun de gréisste Lëtzebuerger Sportler begéint a kucken zesummen mat him zréck op eng aussergewéinlech Karriär.