Mmmh ! De Restaurant "Gudde Maufel zu Eischen"
Lëtzebuerger Platen a franséisch Gastronomie.
Virun zwee Joer hunn de Frank Manes an de Jeff Lux, zwee jonk Käch, sech hei mat hirem éischte Restaurant lancéiert.
Mat typesch lëtzebuerger Recetten wor alles ugaang. Elo setzen se hei awer och méi op gastronomesch Platen. Eng fein franséisch Kichen, schéi presentéiert an authentesch am Goût.
