E Bléck hannert d'Kulisse vum Mold-Plant-Wierk vu Goodyear

D’Maschinne lafen zwar op Héichtouren, d’Ambiance an der Fabrik zu Colmer-Bierg ass awer an der Nuecht méi entspaant wéi am Dag.

Dat versécheren d'Dina an de Nelson eiser RTL-Ekipp wärend hirer Nuetsschicht.

D'Produktioun géif eigentlech wéi am Dag lafen. Et wieren awer manner Leit an den Halen ënnerwee – virun allem administrativ Mataarbechter, oder och déi vun der Expeditioun.

"Ech hunn als Chef d'Ekipp nuets méi Zäit, fir bei de Leit ze sinn, mat hinnen ze schwätzen an ze kucken, wat klappt an net klappt, an dat ass gutt", erkläert de 49 Joer alen Nelson Vieira, deen zënter 27 Joer am Betrib schafft.